Aus der Freed eraus um Ballon's fléien ass 2000 d'Idee enstanen,eng Firma ze grënnen, an domadder dât Erliewnis âneren Leit mat ze deelen.Ed sollt sech als richteg eraus stellen, well bis haut hun honnerten vu Leit voller Begeeschterung de Kuerf verlos, a sin esouguer nach e puermol mat geflunn.

Ed guef e Balloon bei "Cameron Balloons Limited" zu Bristol/ England bestallt, an den 4 September 2000 ass hien zu Lëtzebuerg ukomm.De 14 Oktober 2000 guef hien dei eischte keier obgericht, an zwar um Knuedler an der Stâdt, verbonnen mat enger Aktioun de Patronnage, wou e konnt frei Flig gewannen.

Dorauser ass e lëtzebuergescht Team enstaanen, dei dat ganzt mat Freed um Ballon maachen.Mir maachen kén 'Massentransport', dofir hu mir e Ballon fir max.4 Passageier & Pilot.De Pilot a seng Crew schwätzen natierlech Lëtzebuergesch, awer och Deitsch, Franseich an Englesch.

 

 

 

Weider Informatiounen :

M & M  Ballooning

26, rue Stenkel  L-7652  Heffingen /Luxembourg

Tél: 87.97.27  

Gsm: 621 744074

GPS

N : 49° 46' 1.1"

E : 6° 14' 33"

ALTITUDE : 351 mtr.