Esou en Fluch mam Ballon ass en ganz besonnescht Erliewnis. Mir maachen alles, dass Dir dest Erliewnis voll an ganz genéissen kennt. Wann et meiglech ass, kann jiddereen, deen wellt, eng Hand mat upaaken bei den Virbereedungen fir den Fluch an och no der Landung fir erem anzepaaken.
Hei sin elo d’Äntwerten ob déi meeschtgestallte Froen:
Kleeder fir dobaussen spazéieren ze goen sin ideal, eng normal Jackett, Jeans an virun allem platt Schong, daat ass wichteg.
Keng speziell Konditiounen, all Passagéier deen sech net secher ass,
soll sain Dokter froen. Et muss een just bedenken, dass en Ballon keng Rieder
an och keng Bremsen huet an bei der Landung kann een schon emol e bessi méi
haard obkommen. All eventuell Gesondheetsprobleem soll een dem Pilot, wann
den Fluch organiséiert get, matdeelen.
Schwanger Fraen huelen mir aus Secherheetsgrenn net mat (9
Méint waarden an duerno geet et jo nees).
Nach eng wichteg Saach: den Prinzip vum Waarmloftballon ass wéi den Numm et seet waarm Loft déi ons an d’Luut zitt, d’Gewicht spillt natiirlech eng Roll, dofir sollen Persounen iwert 90kg w.e.g. am viraus Bescheed soen, dann kann den Pilot bei summerlechen Temperaturen d’Flich besser organiséieren.
D’Temperatur ass do uewen net vill méi kaal wéi um Buedem. Ausserdeem, d’Hezt vum Brenner ass och am Kuerf ze spieren.
D’Konditiounen fir ze fléien sin wéineg awer genuch Wand, keen Reen an eng stabil Atmosphère. Aus desem Grond sin eis Flich am Summer fréi moiens oder spéid owens an am Wanter ass et den Daag iwer.
E Ballon flitt mam Wand, daat heescht déi selwescht Richtung, déi selwescht Geschwindegkeet. Mir kennen net stéieren, just erop oder eroof an landen do wou den Wand ons hinbléist.
D’Kanner mussen wéinstens 110cm heich sin. Soss gett et keng Altersbegrenzung, et muss een just fit genuch sin fir an den Kuerf eran/eraus ze klammen an 1 bis 1 ½ Stonn ze stoen.
Eisen Fluch mam Ballon dauert 1 Stonn an schléist duerno emmer nach mat engem Piknik oof. Fir déi ganz Excursioun soll een 3 bis 4 Stonnen rechnen. Den Transport fir d’Passagéier zerèck bei den Auto ass mat dran. D’Famill, d’Frënn an d’Bekannten, déi dem Ballon ennen wellen nofueren an dest Erliewnis vum Buedem aus kucken, kënnen dest gaeren mat hierem eegenen Auto maachen.
Waarmloftballonen sin déi secherst Fluchgefierer. Eisen Ballon get all Joer streng kontrolléiert an den Pilot muss all 2 Joer bei den Dokter an d’Kontroll.
Virun dem Fluch seet den Pilot ganz genau wéi een sech am Ballon soll verhaalen, waat een duerf an waat net, an och waat bei der Landung wichteg ass.